Monday 23 September 2024
Font Size
   
Thursday, 10 June 2010 00:00

Fläschepost war ee Joer ënnerwee

Am Abrëll 2009 hat den 18-jäerege Student Coray Swearingen eng Fläsch bei der Atlantikküst zu Florida an d'Mier geheit, elo huet e Jugendlechen aus Irland, am klengen iresche Fëscherduerf Kilbaha, déi ongewéinlech Post während der Vakanz mat senger Famill aus dem Waasser gefëscht.

Den 17-jäeregen Adam hat d'Fläsch zesumme mat sengem Papp während engem Trëppeltour op der Plage entdeckt an huet op d'Noriicht an der Fläsch per E-Mail geäntwert. Am Bréif an der Fläsch ass de Lieser

opgefuerdert ginn, d'Fläsch ënner kengen Ëmstänn ewechzegeheien. Et wier e wëssenschaftlecht Experiment”.

Tatsächlech wat dës Fläschepost en Deel vun engem Versuch am Fach Miereswëssenschaften an der Melbourne Highschool zu Florida. “Zil war et rauszefannen, wéi d'Mieresstréimungen fonctionnéieren”, erkläert den deemolege Schüler, dee mëttlerweil op der Florida Atlantic University studéiert.

Ma och aner Schüler vun der Klass hätten dem 18-Jäerege no, Noriichte vun anere Fläschepost-Entdecker erhalen. Dës Fläschen haten et allerdéngs net sou wäit gepackt. D'Noriichte koumen do vu Mënschen aus Georgia, south Carolina oder Rhode Island. “Ech si begeeschtert an erstaunt, dass meng Fläsch de wäite Wee iwwert den Atlantik gepackt huet”, sou de jonke Student. “Op alle Fall weess echelo, wéi wäit de Golfstroum wierklech ass”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn