Monday 23 September 2024
Font Size
   
Saturday, 10 July 2010 00:00

Lëtzebuerger Kanabis-Dokter am Viséier

E Mëttwoch hunn Ermëttler vun der Police judiciaire, sou wéi en zoustännege Riichter an e Procureur vum Parquet Dikrech d'Praxis vun engem Dokter, deen am Norde praktizéiert, ënnersicht. Hie steet ënner Verdacht Medikamenter op Basis vu Kanabis u seng Patiente verschriwwen ze hunn.

Dës Handlung steet awer am Widdersproch zu legale Virschrëfte vum Betäubungsmëttelgesetz. Dësem Gesetz no, ass et engem Dokter a kengem Fall erlaabt, bestëmmte Medikamenter vun dësem Typ ze verschreiwen an d'Situatioun vum

Patient  a seng Demande, sinn onbedéngt  an engem Dossier festzehalen. Wat awer hei net e Fall gewiescht wier.

RTL-Informatioune no, handelt et sech beim Dokter ëm den ADR-Deputéierten Jean Colombera, deen an engem Interview, vergaangene September, ëffentlech iwwert d'Verschreiwung vu Kanabis-Medikamenter fir seng Patienten an déi positiv Auswierkungen op hir Gesondheet geschwat hat. Hien hat awer betount, dass, och wann et sech ëm eng Drog handelt, de Patient vun de Virdeeler ouni Nieweneffekter nëmme profitéiert. Wuel verstan wier dës Behandlung ënner Beobachtung mat medezineschen Dosen.

De Parquet Dikrech befaasst sech schonn zanter vergaangenem Juli mam Fall an hat och en Ermëttlungsverfahren an d'Weeër geleet. D'Section stupéfiant vun der Police judiciare huet sech der Saach ugeholl, wat schliisslech zur Unuerdnung vun der Hausduerchsichung vum Ënnersichungsriichjter gefouert hat. Mat hirer Aktioun wëlle si d'Rechter vun net bedeelegte Patiente garantéieren, sou d'Erklärung vum Parquet, an deem Kontext waren och Membere vum Conseil médical uwiesend. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn