Dobäi ginn et kloer Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter. Jonk Frae plënneren däitlech méi fréi vun Doheem eraus a liewe méi heefeg an enger fester Partnerschaft, wéi zum Beispill Männer am selwechten Alter. Opfälleg laang bleiwen awer jonk Erwuessener an Osteuropa am Hotel Mamma wunnen, besonnesch awer a Slowenien, Slowakei a Rumänien. Geldmangel ass dobäi déi heefegst Ursaach. Méi séier verloosse Jugendlech hiert Nascht an de skandinavesche Länner, wéi Dänemark, Finnland a Schweden.
Zu Lëtzebuerg ass den Taux vun Nesthocker, dann och nach relativ héich. Ëmmerhi läit den Undeel vu jonken Erwuessenen tëscht 18 an 34 Joer, déi nach ëmmer bei hiren Eltere wunne bei 83,8 Prozent bei de Fraen an 89,5 Prozent bei de Männer. A Alter vun 25 an 34 Joer kann ee besonnesch bei de Fraen en däitlechen Ënnerscheed (9,8 %) feststellen, iwwerdeems et bei de Männer nach ëmmer 0,4 Prozent sinn. Envoyer cet article par email
Authors: news352