Monday 23 September 2024
Font Size
   
Wednesday, 10 November 2010 00:00

CFL bestellt aacht nei Doppeldeckzich

Déi aacht riseg, dräideeleg Passagéierzich vum Hiersteller Stadler Rail sollen zukënfteg op der Streck RE 1 tëscht Koblenz a Lëtzebuerg an den Asaz kommen. Di nei Zich verfügen iwwert eng Längt vun 80 Meter an hunn iwwer 300 Sëtzplaze, mat donieft nach genuch Plaz fir 24 Vëloen an dräi Rollstill.

Déi maximal Héchstvitesse läit 160 Stonnekilometer an och déi modern europäesch Zuchsécherungstechnik ETCS ass schonn integréiert. Fir d'Zich an Däitschland a Lëtzebuerg

gläichermoosse kënnen ze notzen, si sämtlech Ween mat zwee ënnerschiddleche Spannungs- a Sécherungssystemer ausgestatt.

Ab Dezember 2014 sollen déi nei Zich tëscht Koblenz a Lëtzebuerg zirkuléieren, pënktlech deemno wann ab 2015 de Rheinland-Pfalz Takt ëmgesat gëtt. Deemno fiert dann all Stonn e Regional-Express tëscht der Haaptstreck Koblenz an der Deelstreck Tréier a soll fir Entlaaschtung suergen, wann den IC am Moseltal gestoppt gëtt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn