Monday 23 September 2024
Font Size
   
Wednesday, 10 November 2010 00:00

Fiederwäissen: Mir hunn e getest (video)

Fir vill Leit gëtt et näischt Besseres, wéi déi spéitsummerlech Temperaturen am Oktober an d'Kribbele vun de leschte Sonnestralen op der Haut, nach emol ze genéissen. Ma fir d'Wënzer fänkt mat dëser Zäit e méi stressegen Deel vun hirer Aarbecht un. Sinn et dach grad déi fiicht waarm Temperaturen, déi et de Wënzer kal de Réck eroflafe loossen. Verpasst een de gudde Moment, de perfekte Moment fir d'Wäilies, kann dëst ee Joer Aarbecht ouni Weideres zerstéieren.

Ma an der

Domaine Viti-Vinicole de l'Etat ass ee beschtens preparéiert an d'Wäilies leeft op Héichtouren. News352.lu huet et sech net huele gelooss, dem staatleche Wënzer iwwert d'Schëller ze kucken a sech an d'Geheimnisser vun hirer Aarbecht aweien ze loossen. Natierlech konnte mir eis och selwer vum excellente Goût vun der Récolte an dësem Joer iwwerzeegen.

Beim Fiederwäissen handelt et sech ëm e neie Wäin a senger Ufanksphas, dee nach an der Gärung ass. Nom Presse vun den Drauwen entsteet e Jus, dee wäiss Hiefzellen als Schwiefstoffer enthält. Dës “fiederwäiss” Zellen hunn dem Fiederwäissen dann och zu sengem Numm verhollef. Ma trotz der Faarf an dem fruuchteg, aromatesche Goût, ass dësen “Drauwejus” net ze ënnerschätzen, wat den Alkoholgehalt ubelaangt. En drénkt sech wéi Zockerwaasser, trëfft an dësem Fall zu 100 Prozent zou.

Am Prinzip kënne fir de Fiederwäissen all Wäinzorte genotzt ginn, ma zu Lëtzebuerg gëtt traditionell, an och wéinst sengem typeschen Aroma, de Rivaner geholl. A Moosse gedronk, huet de Fierderwäissen duerchaus e positiv Effekt op d'Gesondheet. D'Vitaminne B1 a B2 suerge fir eng reng Haut, e frëschen Teint a gesond Hoer. Donieft gëtt awer och nach d'Blutt gerengegt an de Kierper entschlackt.

An deem Fall, soe mir Prost....  a nach e klengen Tipp vun de Wäinexperte vu Réimech. De Fiederwäissen ass am beschte mat frëschen Nëss ze genéissen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn