Monday 23 September 2024
Font Size
   
Friday, 10 December 2010 00:00

Ee Foussgänger vu véier gëtt net gesinn - Gitt sichtbar!

2009 war en déidlecht Joer op eise Stroossen, mat insgesamt 48 Doudegen. Wann dës Zuele vun de vergaangene sechs Méint 2010, déi de Moie vum Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur presentéiert gi sinn, weider konstant klammen, ass dëst e Grond fir sech Suergen ze maachen. Besonnesch erschreckend ass awer, dass och ëmmer méi Foussgänger an déidlech Accidenter verwéckelt sinn.

Den offizielle Statistike no, waren ënnert den 48 Doudegen 25 Foussgänger an deemno ee vu véier

insgesamt. Zanter 2006 ass d'Zuel vun Accidenter mat Foussgänger ëmmer erëm an d'Luucht gaang a klëmmt vun 90 am Joer 2006, op ganzer 137 am Joer 2009. Dës Accidenter passéieren awer verstäerkt am Wanter. Alleng am Januar 2009 sinn 13 Foussgänger op eise Stroossen ëm d'Liewe komm. Am Mäerz waren et der aacht a fënnef am November an Dezember.

Sech siichtbar maache

Fir de Claude Wiseler ass kloer, dass dëse Phenomen besonnesch an der kaler an däischterer Saison op e Manktem vu Visibilitéit zeréckzeféieren ass. An deem Kontext huet de Minister an Zesummenaarbecht mat der Securité routière eng nei Campagne an d'Liewe geruff, déi souwuel d'Automobiliste wéi och Foussgänger fir de Risk vun Accidenter zu dëser Joereszäit sensibiliséieren. “Gitt sichtbar!” oder “Soyez visible” ass de Message, deen dës Campagne vermëttelt, déi kloer seet, dass ee soll matdenken.

Wichteg ass fir Foussgänger hellt Gezai unzehunn a sech besonnesch Owes an, an der Nuecht mat sougenannten Accessoirë rétro-réfléchissants ze équipéieren. Eng aner wichteg Verhalensregel, wann een alleng op der Strooss ënnerwee ass, sech ëmmer entgéint der Fahrtrichtung vum Verkéier ze halen.  Fir den Automobilist  ginn et awer och gewësse Verhalensregelen, wéi zum Beispill d'Luuchten unzemaachen, soubal et ufänkt méi däischter ze ginn, awer och wann et reent. Allgemeng heescht et fir d'Automobilisten awer de Fouss vum Gas ze huelen a seng Fuerweis de Wiederverhältnisser unzepassen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn