Authors: news352
Thursday, 01 January 1970 02:00
Adidas- a Pumatextilaarbechter am Kambodscha am Streik
- font size decrease font size increase font size
Am Kambodscha, wou Gezai a Sportsartikel och fir däitsch Firmen, wéi Adidas a Puma hiergestallt ginn, sinn e Méinden zéngdausenden Aarbechter an de Streik getrueden, sou déi kambodschanesch Gewerkschaften. Um Opstand bedeelege sech deemno ronn 60.000 Mënschen aus 40 Fabriken an domat sinn 10 Prozent vun den Textilfabriken am Land betraff.
D'Aarbechter protestéiere géint eng Eenegung vun der Regierung an der Industrie, bei deem de Mindestloun fir Textilaarbechter op 61 Dollar (48 Euro) de Mount festgesat gi sinn.
D'Gewerkschafte kritiséieren, dëst wier zemann, fir am Kambodscha ze liewen a fuerderen e Mindestloun vun 93 Dollar.
Envoyer cet article par email
Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
Read 15429 times
Like this? Tweet it to your followers!
Published in
Informations Luxembourg et Grande Région