Authors: news352
Thursday, 01 January 1970 02:00
Eisebunnstreik an der Belsch
- font size decrease font size increase font size
De normale Verkéier op den Autobunnen ass deemno ab e Sonnde bis viraussiichtlech en Dënschde gestéiert, erkläert déi zu Bréissel usässeg Bedreiwergesellschaft. Zum Beispill ass den Héichgeschwindegkeetszuch Thalys annulléiert, dee Köln mat der belscher Haaptstad verbënnt. Dëst huet och Nowierkungen op Verbindungen an de Nopeschlänner Frankräich an Holland.
Nieft Thalys gëtt awer och bei der belscher Eisebunn SNCB gestreikt. Hei geet et ëm déi, scheinbar net bezuelte Primë
vun de Mataarbechter. Deemno sinn och Problemer mat der Verbindung Bréissel – Arel – Lëtzebuerg virprogramméiert. Och d'Eurostar-Zich, déi de Kontinent mat Groussbritannien verbënnt, sou wéi déi innebelsch Verbindunge falen deelweis oder komplett aus. Deementspriechend muss an de kommenden Deeg mat méi Trafik op eisen Autobunne gerechent ginn.
Envoyer cet article par email
Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
Read 16617 times
Like this? Tweet it to your followers!
Published in
Informations Luxembourg et Grande Région