Friday 15 November 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Mann lauert Police op a blesséiert Beamten



Wéi d'Police matgedeelt huet, waren d'Beamte vum Centre d'Intervention Gare géint 6.00 Auer zu enger Kläpperei an der Rue de Hollerich geruff ginn. Op der Plaz ukomm, hunn zwee Männer uginn, vun direkt e puer Persoune geschloe ginn ze sinn, déi sech duerno a Richtung Gare dervugemaach hätten. D'Policepatrull konnt spéider, wéi beschriwwen, eng Grupp vun e puer Persounen untreffen, déi ze Fouss bei der Gare ënnerwee waren. Zwee Männer si vun der Police fir eng Kontroll mat op de Büro geholl.
<br

/> Nëmme kuerz Zäit méi spéit, wollten d'Policebeamten sech erëm op de Wee op Patrull maachen an hunn de Büro op der Gare verlooss. Ma virun der Dier stoung e Mann, deen hinnen de Wee verspäert huet a partout net wollt réckelen. Direkt e puer Mol ass de Mann opgefuerdert ginn, Plaz ze maachen, ouni Reaktioun. D'Police hunn de Mann probéiert op d'Säit ze drécken, deen dogéint gehalen huet. Dobäi ass ee vun de Beamte mat senger Hand tëscht d'Aganksdier geroden, déi grad an deem Moment zougefall ass. Hien ass blesséiert ginn an ass aus Sécherheetsgrënn an d'Spidol bruecht ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn