Samedi 29 Juin 2024
taille du texte
   
Mardi, 09 Février 2010 00:00

Fatalen Accident op der A6 (aktualiséiert)

Wéi d'Police e Freiden 3.09.2010, een Dag nom uergen Accident, matgedeelt huet, sollt de schwéierblesséierten Chauffer net iwwerliewen. Den 59-jäerege Mann vu Monnerech ass nach am Laf vum Nomëtten un de Suitë vu sengen uerge Verletzungen verscheed.

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et op der A6 a Richtung A1, op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz zu engem uergen Accident komm. Géint 10.25 Auer war e Camionschauffer mat sengem Gefier op der Autobunn ënnerwee, wéi hien op eemol en

Opprall um Camion gespuert hat. De Chauffer ass stoe bliwwen an huet misse feststellen, dass en Auto mat der Chauffersäit a seng Remorque gerannt war. En zweeten, accidentéierten Auto stoung op der Iwwerhuelspur.

Wat genee geschitt ass, muss nach gekläert ginn.

Éischten Ermëttlunge no huet ee vun den zwee Automobilisten d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an et ass zum Zesummestouss komm. Den éischten Auto ass dobäi an d'Schleidere komm an ass dem Camion hannendrop geknuppt. Ma wéi genee d'Ëmstänn vum Accident sinn, muss nach ënnersicht ginn.

De Chauffer am éischte Gefier, dat mam Camion kollidéiert ass, ass beim Accident uerg blesséiert ginn. Hien huet misse vun de Pompjeeën aus dem Autowrack befreit ginn. Seng Bäifuererin ass mat liichte Verletzungen dervukomm an och de Chauffer am aneren accidentéierten Auto hat Gléck an ass liicht blesséiert ginn. Sämtlech Persoune sinn an d'Spidol ageliwwert ginn.



Op der Plaz war de SAMU Lëtzebuerg an d'Beruffspompjeeën. De Verkéier ass iwwert eng Niewspur (Sortie Lëtzebuerg-Gaasperech a weider a Richtung Tréier) ëmgeleet ginn. Am Zesummenhang mam Accident freet d'Police awer ëm Hëllef aus der Bevëlkerung. Sämtlech Hiwäiser, déi zur Opklärung vum Ongléck bäidroen, sinn um 4997-4500 ze mellen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn