Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Mardi, 09 Mars 2010 00:00

EU-Eenzelhandelsëmsaz klëmmt nëmme lues

Den Eenzelhandelsëmsaz an der Eurozon ass am Juli liicht an d'Luucht gaang. Am Verglach mam Mount virdrun ass deemno e Plus vun 0,1 Prozent verbucht ginn, sou dat europäescht Statistikamt Eurostat zu Lëtzebuerg e Freiden. Am Schnëtt war awer mat enger Hausse vun 0,2 Prozent gerechent ginn.

Den Ëmsaz vu Nahrungsmëttel, Gedrénks an Tubak ass am Juli, op de Mount verglach, ëm 0,3 Prozent an d'Luucht gaang. Am Net-Nahrungsmëttelsecteur ass e Réckgang ëm 0,1 Prozent notéiert ginn. Am Verglach zum Joer virdru fir de

selwechten Zäitraum huet sech den Eenzelhandelsëmsaz awer ëm ganzer 1,1 Prozent verbessert. Am Virfeld war eng Hausse vun 0,5 Prozent erwaart ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn