News Grande Région (11343)
Police: Verfolgungsjuegd zu Sandweiler
Zu Sandweiler beim Militäerkierfecht gouf eng Patrouille vun der SRPR Lëtzebuerg géint 00.20 Auer vun engem Auto mat héchster Vitesse iwwerholl, obwuel et do verbuede war. D'Police huet en direkt verfollegt a konnt e stoppen.
Et sinn zwee Passagéier erausgeklommen mee de Chauffeur ass am Auto sëtzebliwwen. Hien huet d'Flucht ergraff an huet dobäi versicht, ee Polizist z'iwwerrennen.
Dorophin huet d'Police op den Auto geschoss.
Et ass eng intensiv Recherche nom Täter ageféiert ginn.
Groussbritannien a Frankräich schléisse militärischen Accord
De Premier David Cameron a Präsident Nicolas Sarkozy treffe sech haut ze London, fir den Accord z'ënnerschreiwen.
Virgesinn ass de gedeelte Gebrauch vu Fliigerdréier, Zesummenaarbecht bei Atomwaffentester an d'Kréatioun vun enger gemeinsamer Arméi vu bal 5.000 Mann fir auslännesch Missiounen.
Dem Cameron no soll dëst militäeresch Partnerschaft mat Frankräich net zu enger Angscht iwwer europäesch Arméië féieren. D'Zil wäer eng Ausbreedung vun der Zesummenaarbecht