D'Ofdreiwungsgesetz staamt aus dem Joer 1978 a léisst d'Prozedur just a gewëssenen Ëmstänn zou. Virun allem muss di physesch oder psychologesch Gesondheet vun der Mamm a Gefor sinn, e Risiko vu physesche Malformatiounen existéieren, oder d'Schwangerschaft muss d'Resultat vun enger Vergewaltegung sinn. D'Gesetz verlaangt och eng obligatoresch Konsultatioun bei engem Spezialist, ier iergendeng Decisioun geholl gëtt. Eng illegal Ofdreiwung ass dobäi gesetzlech strofbar, wat fir déi Gréng inakzeptabel ass.
D'Konditioune sinn fir vill Fraen net z'erfëllen. Dëst huet dozou bäigedroen, datt der vill an d'Ausland ginn, fir eng Ofdreiwung ze maachen. Déi Gréng fuerderen notamment de Réckzuch vun engem neie Gesetzprojet, deen net vill ännert mä dobäi freet, datt d'Fra op mannst 3 Méint virdrun zu Lëtzebuerg gewunnt huet.
Den Sam Tanson no géif esou d'Lëtzebuerger Ofdreiwungsgesetz géint d'Mënscherechtsdeklaratioun verstoussen, notamment d'Recht zum private Familljeliewen. Si huet betount, datt de Projet kaum eng Verbesserung ass. 'Wisou muss eng erwuesse Fra sech beim Dokter a beim medizinesche Personal berode loossen? Et kann een ouni Berodung e Kand kréien. Et kann een ouni Berodung vill aner wichteg Decisiounen huelen... Mir si wäit ewech vun engem revolutionäre Gesetz'.
D'Regierung hätt d'Meenungen vun de verschiddene Fraenassociatiounen déi direkt mam Thema ze dinn hunn – dorënner de Planning Familial an d'Organisatioun Si Je Veux - carrément ignoréiert. Wat d'Ofdreiwungsgesetz ugeet géif Lëtzebuerg wäit hanne leien. 'Do komme just nach Polen, Malta, Irland an Zypern hannendrun', sou d'Sam Tanson.
A wann d'Relioun eppes domadder ze dinn hätt, dann wier d'Objektivitéit verluere gaangen. 'Wann aner kathoulesch Länner, wéi Portugal, et fäerdegbruecht hunn, dann firwat net Lëtzebuerg?' sot d'Viviane Loschetter.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352