Dimanche 06 Octobre 2024
taille du texte
   
Dimanche, 01 Mai 2011 00:00

Déi Gréng: D'Lëtzebuerger Ofdreiwungsgesetz ass inakzeptabel (+Video)

'Skandaléis', 'récksiichtslos' an 'hypokritesch' wier d'Astellung vun der Regierung, sou Presidentin Sam Tanson an Deputéiert Viviane Loschetter vun Déi Gréng. D'Wahl, d'Kand ze halen oder net, misst bei der Fra leien an net bei enger drëtter Persoun déi am Fong näischt mat der Fra ze dinn huet. 'D'Lëtzebuerger Regierung mengt d'Fra géif net kapabel sinn iwwer sech selwer z'entscheeden...Bei hinnen geet et net ëm d'Fra mä ëm eng Ideologie, d'Ideologie datt eng Ofdreiwung einfach net geschéien däerf', sot d'Loschetter.

D'Ofdreiwungsgesetz staamt aus dem Joer 1978 a léisst d'Prozedur just a gewëssenen Ëmstänn zou. Virun allem muss di physesch oder psychologesch Gesondheet vun der Mamm a Gefor sinn, e Risiko vu physesche Malformatiounen existéieren, oder d'Schwangerschaft muss d'Resultat vun enger Vergewaltegung sinn. D'Gesetz verlaangt och eng obligatoresch Konsultatioun bei engem Spezialist, ier iergendeng Decisioun geholl gëtt. Eng illegal Ofdreiwung ass dobäi gesetzlech strofbar, wat fir déi Gréng inakzeptabel ass.

D'Konditioune sinn fir vill Fraen net z'erfëllen. Dëst huet dozou bäigedroen, datt der vill an d'Ausland ginn, fir eng Ofdreiwung ze maachen. Déi Gréng fuerderen notamment de Réckzuch vun engem neie Gesetzprojet, deen net vill ännert mä dobäi freet, datt d'Fra op mannst 3 Méint virdrun zu Lëtzebuerg gewunnt huet.

Den Sam Tanson no géif esou d'Lëtzebuerger Ofdreiwungsgesetz géint d'Mënscherechtsdeklaratioun verstoussen, notamment d'Recht zum private Familljeliewen. Si huet betount, datt de Projet kaum eng Verbesserung ass. 'Wisou muss eng erwuesse Fra sech beim Dokter a beim medizinesche Personal berode loossen? Et kann een ouni Berodung e Kand kréien. Et kann een ouni Berodung vill aner wichteg Decisiounen huelen... Mir si wäit ewech vun engem revolutionäre Gesetz'.

D'Regierung hätt d'Meenungen vun de verschiddene Fraenassociatiounen déi direkt mam Thema ze dinn hunn – dorënner de Planning Familial an d'Organisatioun Si Je Veux - carrément ignoréiert. Wat d'Ofdreiwungsgesetz ugeet géif Lëtzebuerg wäit hanne leien. 'Do komme just nach Polen, Malta, Irland an Zypern hannendrun', sou d'Sam Tanson.

A wann d'Relioun eppes domadder ze dinn hätt, dann wier d'Objektivitéit verluere gaangen. 'Wann aner kathoulesch Länner, wéi Portugal, et fäerdegbruecht hunn, dann firwat net Lëtzebuerg?' sot d'Viviane Loschetter.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn