Wéi d'Police matgedeelt huet, konnten d'Beamte vum Centre d'Intervention e Sonndemoien géint 5.45 Auer e Mann dobäi beobachten, dee säi klengen Hond direkt e puer Mol mat voller Wucht op de Buedem gehäit huet. De klenge Mupp ass dobäi uerg blesséiert ginn an d'Beamten hu net laang gezéckt, fir dem aarmen Déier zur Hëllef ze kommen.
Si hunn dem Mann den Hond ofgeholl an de Mann verhaft. De Schëllegen huet duerchernee geschwat an hat donieft och keng Ausweispabeieren bei sech. D'Police hunn hie mat op de Büro
geholl, ma de Mann sollt doropshi komplett ausflippen.
De Mann huet d'Beamte menacéiert an ass mat sengem Kapp géint eng Mauer gelaf. Hien huet sech dobäi eng oppe Wonn zougezunn, sou dass hien huet misse gebutt ginn. De Parquet général ass iwwert de Virfall informéiert ginn an de klenge Mupp ass op schnellstem Wee bei e Vétérinaire bruecht ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352