Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Hond op oppener Strooss mësshandelt

Wéi d'Police matgedeelt huet, konnten d'Beamte vum Centre d'Intervention e Sonndemoien géint 5.45 Auer e Mann dobäi beobachten, dee säi klengen Hond direkt e puer Mol mat voller Wucht op de Buedem gehäit huet. De klenge Mupp ass dobäi uerg blesséiert ginn an d'Beamten hu net laang gezéckt, fir dem aarmen Déier zur Hëllef ze kommen.

Si hunn dem Mann den Hond ofgeholl an de Mann verhaft. De Schëllegen huet duerchernee geschwat an hat donieft och keng Ausweispabeieren bei sech. D'Police hunn hie mat op de Büro

geholl, ma de Mann sollt doropshi komplett ausflippen.

De Mann huet d'Beamte menacéiert an ass mat sengem Kapp géint eng Mauer gelaf. Hien huet sech dobäi eng oppe Wonn zougezunn, sou dass hien huet misse gebutt ginn. De Parquet général ass iwwert de Virfall informéiert ginn an de klenge Mupp ass op schnellstem Wee bei e Vétérinaire bruecht ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn