Vendredi 05 Juillet 2024
taille du texte
   
Mardi, 09 Mars 2010 00:00

Neit Malaria-Medikament duerch US-Fuerscher

Der Étude no, soll dat neit Medikament nach an dësem Joer bei klineschen Testreien an den Asaz kommen. D'Medikament hätt d'Potential, d'Krankheet mat enger eenzeger, iwwert de Mond opgehollen Dosis ze behandelen, sou d'Studienautorin Elizabeth Winzeler vum Scripps-Fuerschungsinstitut am US-Bundesstaat Kalifornien.

Sämtlech Malaria-Medikamenter hu vun de Patiente missen tëscht ee bis véier Mol pro Dag, iwwert en Zäitraum vun dräi bis siwen Deeg ageholl ginn. Géint vill Mëttel hunn d'Parasiten och scho Resistenzen

entwéckelt. Duerch déi eemoleg Doséierung vun dësem neie Medikament hoffen d'Wëssenschaftler elo, d'Gefor vu neie Resistenze géint Malaria-Medikamenter däitlech verréngeren ze kënnen.

Déi vun der Anopheles-Méck iwwerdroe Malaria, bei där de Kierper mat Plasmodien genannte Parasiten infizéiert gëtt, féiert, iwwert e Befall vun der Liewer zur Zerstéierung vun de roude Blutkierpercher, zu Féiwer, Kappwéi a sech iwwerginn. Onbehandelt kann d'Krankheet séier liewensgeféierlech ginn, wann d'Blutversuergung vu liewenswichtegen Organer gestéiert gëtt.

Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no, sinn et am Joer 2008 weltwäit 247 Millioune Malaria-Fäll ginn. Eng Millioun Mënschen, vill dovun afrikanesch Kanner, stierwen un der Krankheet. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn