Lundi 08 Juillet 2024
taille du texte
   
Mercredi, 09 Juin 2010 00:00

Déidleche Motosaccident bei Grand Prix zu Misano (Video)

Dass de Rennsport geféierlech ass, huet sech de vergaangene Weekend op tragesch Aart a Weis erëm bewisen, ma besonnesch d'Motocycliste brénge sech nach méi a Gefor. Den eréischt 19 Joer ale Japaner Shoya Tomizawa ass no enger uerger Chute beim Grand Prix vu San Marino zu Misano ëm d'Liewe komm.

Bei iwwer 200 Stonnekilometer war him 15 Ronne viru Schluss de viischte Pneu vu senger Maschinn ewechgerutscht. Hien ass vu sengem Moto gehäit ginn an direkt duerno vu senge Pilotekollegen Alex de Angelis (San Marino) a Scott Redding

(Groussbritannien) erfaasst ginn.

No engem Häerzstëllstand war dem Tomizawa nach bei der Rennstreck reaniméiert ginn, hie sollt seng Verletzungen awer nëmme kuerz Zäit méi spéit am Spidol net iwwerliewen. Et si Frakturen um Uewerkierper an e Schiedelbroch erlidden hunn, donieft sollten och déi ënner Bluddungen zum déidleche Verlaf bäigedroen hunn.

De Shoya Tomizawa ass den éischten Doudege bei der Motorad-WM zanter dem 20. Abrëll
2003. Deemols war de Japaner Daijiro Kato gestuerwen. Eréischt um vergaangenen Donneschden hunn d'Stars aus der Rennzeen, dorënner de MotoGP-Champion Velentino Rossi a Gréisste wéi de Kevin Schwantz, Randy Mamola, Bradley Smith a Loris Capirossi, zu Misano dem verongléckte Kato geduecht a säin Helm, Händschchen a Liederkombi fir e gudden Zweck versteigert.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn