Lundi 08 Juillet 2024
taille du texte
   
Mercredi, 09 Juin 2010 00:00

Verschidden Accidenter um Weekend


Accident e Samschdenowend

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et e Samschdenowend an de fréien Owesstonnen 19.35 Auer zu engem Accident, 2 Kilometer virun Heischent komm. En Automobilist hat op der Streck tëscht Toodler an Heiderscheid d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, an ass un d'Schleidere geroden.

De Mann krut de Summerwee ze paken an ass duerno frontal an e Bam gerannt. Gléck fir de Chauffer, trotz de heftegen Opprall, ass hien onverletzt bliwwen, iwwerdeems beim Auto en Totalschued entstan ass. Op der

Plaz war de Centre d'Intervention vu Wolz.

Auto um Daach gelant

E Chauffer war géint 21.45 Auer op der A13 vu Mondorf a Richtung Schengen ënnerwee, wéi hien engem Déier, dat just an dee Moment iwwert d'Fuerbunn gelaf ass, huet missen ausweechen. De Mann huet doropshin d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an huet sech iwwerschloen. Den Auto ass dobäi um Daach nach e puer Meter weider iwwert d'Autobunn gerutscht.

Déi fräiwëlleg Pompjeeën hunn de Chauffer missen aus dem Auto befreien. Béid Passagéier, de Chauffer a senger Bäifuererin, si liicht blesséiert mat der Protex vu Réimech an d'Spidol bruecht ginn. Op der Plaz de Centre d'Intervention vu Réimech.

Frontalkollisioun mam Gemengenhaus Kielen

An der Nuecht op e Sonnden, huet eng Automobilistin géint 00.30 Auer, an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer an an un d'Schleidere komm. Fir d'éischt ass d'Gefier géint e Schëld  geknuppt, huet eng Ofspärung gesträift an ass zum Schluss géint d'Face vum Gemengenhaus Kielen gerannt.

Um Auto ass Totalschued entstanen, ob der Automobilistin e Leed geschitt ass, huet d'Police awer net matgedeelt. Am Asaz war de Centre d'Intervention vu Capellen.

Moto aus dem Auto geschleidert

Um spéide Sonndenowend, géint 22.30 Auer, ass et am Ausgang vu Chrëschtnech a Richtung Waldbëlleg zu engem méi uergen Accident komm. E relativ jonke Chauffer hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass dobäi mat sengem Auto frontal an e Bam gerannt.

Den Opprall war därmoossen hefteg, dass de Moto aus dem Auto eraus geschleidert ginn ass. Zwou Persoune si bei dësem Accident blesséiert ginn. De Chauffer ass mat liichte Verletzungen dervukomm, ma säi Bäifuerer ass méi uerg blesséiert ginn. Op der Plaz war de Centre d'Intervention vu Larochette. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn