Samedi 20 Juillet 2024
taille du texte
   
Mercredi, 09 Juin 2010 00:00

Sonn a Musek pur um Terres Rouges Festival (Video)

Eent vun de leschten Open-Air-Festivals fir dëst Joer stoung um vergaangene Weekend um Programm. Viru méi wéi 5.000 begeeschterte Musekfans hu souwuel national wéi international Live Acts hir d'Kënnen ënner Beweis gestallt. Virun allem awer wäert dat strahlend Summerwierder nach fir Extrafreed bei den Dausende vu Visiteure gesuergt hunn, bis ewell hunn d'Fans vum Terres Rouges Festival misse schlecht Wierder a Kaf huelen.

Optakt bei der zéngter Editioun vum Festival um Gaalgebierg hat déi lëtzebuergesch Newcomer-Band

Angel at my Table, ier d'Kultband Eternal Tango de Buedem un d'Wackelen bruecht huet. Ma net nëmmen national Museker hu beim Terres Rouges Festival fir Stëmmung gesuergt.

 

Nieft de sëllechen nationale Bands hu sech och international bekannte Kënschtler dëse Festival net laanscht Nues goe gelooss. Virun allem awer déi däitsch Elektro-Pop-Grupp “Die Atzen”, déi bei ville Leit als Highlight vum Owend gezielt huet, huet d'Mënschemass mat erfollegräiche Lidder wéi “Disco Pogo” an “Das Geht Ab” zum ausflippen a matgröle bruecht.

D'Sängerin Gabriella Cilmi huet direkt duerno lassgeluegt an huet senge Fans eng Performance mat engem ofwiesselungsräiche Repertoire aus sengem éischten an zweeten Album, inklusiv dem bekannte Lidd “Sweet about me”  geliwwert. Den Headliner an Haaptband vum Owend war da ganz zum Schluss o der Bühn an huet nach emol uerdentlech Stëmmung gemaach. Déi finnesch Grupp The Rasmus, déi sech zu Lëtzebuerg mëttlerweil immens beléift gemaach hunn, sinn dann och bis an déi spéit Owesstonne gefeiert ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn