Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Vendredi, 09 Juillet 2010 00:00

Héchsten Auslännertaux zu Lëtzebuerg

Wéi erwaart féiert Lëtzebuerg déi europawäit Quoteranglëscht vum Undeel un auslännesche Bevëlkerungen, an zwar mat Ofstand. Dëst geet aus enger aktueller Étude  vum europäesche Statistikamt Eurostat ervir. Deemno läit den Undeel vun Auslänner an der Gesamtbevëlkerung am Grand-Duché bei ganzer 43,5 Prozent.

E bësse méi ofsäits kënnt Lettland op Plaz 2, mat 17,9 Prozent, an Éissträich läit den Taux bei 10,3 Prozent an, an Däitschland sinn et 8,8

Prozent. Déi mannste Immigrante ginn et a Bulgarien (0,3 %) a Rumänien (0,1 %). Den Duerchschnëtt an Europa läit bei 6,4 Prozent.

Eurostat no, hunn alleng den 1. Januar 2009 ronn 31,9 Milliounen Auslänner an den EU27-Memberstaate gelieft, vun deenen 11,9 Milliounen aus engem aneren EU27-Memberstaat waren. En aneren Deel beschäftegt sech mam Duerchschnëttsalter vun den eenzelne Memberstaaten an der EU an dem Duerchschnëttsalter vun den  Auslänner (EU27 an Drëttstaaten) am Verglach.

Opfälleg hei ass, dass Däitschland mat engem Duerchschnëttsalter vun der Gesamtbevëlkerung vun 44,5 Joer, dat Land mat den eelste Bewunner ass. Iwwerdeems zu Lëtzebuerg an Däitschland d'Diskrepanz tëscht der Gesamtbevëlkerung an der auslännescher Bevëlkerung grouss ass, gëtt et a Frankräich an där Hisiicht kaum en Ënnerscheed.

Déi komplett Resultater kënne vun Eurostat erofgeluede ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn