Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Lundi, 09 Août 2010 00:00

EU-Parlament kritiséiert Roma-Expulsiounen

Dat Europäescht Parlament huet en Dënschden eng Diskussioun iwwert déi aktuell Situatioun vu Sinti a Roma ofgehalen. Verschidde Fraktioune veruerteelen dobäi an engem Resolutiounsentworf d'Moossnam vun der franséischer Regierung, Sinti a Roma ze expulséieren. Si betounen, dëst Virgoe wier diskriminéierend a géif géint d'EU-Gesetzer verstoussen.

D'EU-Justizkommissarin Viviane Reding fuerdert déi franséisch Regierung op, méi Informatiounen iwwert d'Ëmstänn vun der Expulsioun bereet ze

stellen. Uschléissend sollt een iwwerpréiwen, ob d'Virgoen tatsächlech géint d'EU-Gesetzer verstouss hätt.

D'Expulsioun huet international vill Opmierksamkeet ausgeléist. D'UN-Mënscherechtskommissioun zum Beispill weist sech déif betraff. D'EU-Kommissioun huet der franséischer Regierung matgedeelt, d'Recht vun der Nidderloossungsfräiheet an d'Fräizügegkeet vun EU-Bierger ze respektéieren. Den UN-Ausschoss fir d'Beseitege vu Rassendiskriminéierung huet erkläert, d'Handlungsweis vu Frankräich kéint zu méi Rassismus a Friemenhaass féieren.

Zanter Deeg steet den EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso awer an der Kritik, well hien zu den ëmstriddenen Expulsiounen aus Frankräich bis ewell näischt gesot huet. De Barroso misst kloermaachen, dass sou eng Reaktioun an dëser Ugeleeënheet net als Zoustëmmung opgefaasst gëtt.

Déi franséisch Regierung huet iwwerdeems eng fest a kloer Positioun ageholl. Si betount, si hätt sech an dëser Fro genee un d'EU-Gesetzer sou wéi un d'Zousoen zum Schutz vun de Mënscherechter gehalen. D'Expulsioun vu Sinti a Roma baséiert um Prinzip vun der Fräiwëllegkeet an et géif een och finanziell Hëllef bereetstellen. Eenzelfäll vun enger forcéierter Expulsioun wieren administrativ a gesetzlech streng kontrolléiert ginn.

Dem EU-GEsetz no kënnen d'Bierger vun engem EU-Staat an en anert EU-Land reesen a sech do ouni Visum fir dräi Méint ophalen. Iwwert den uschléissende Verlaf  décidéieren d'EU-Memberen eegestänneg. Experte no, hätt d'Virgoe vun der franséischer Regierung net géint d'EU-Recht verstouss. Allerdéngs sinn déi unhalend Diskussiounen iwwert en dauerhaften Openthaltsuert vu Sinti a Roma net grondsätzlech geléist.

De Groussdeel vun ausgewisene Sinti a Roma staamt ursprénglech aus Rumänien. Entspriechend verstäerkt Frankräich elo schonn déi bilateral Kooperatioun mat der rumänescher Regierung, fir den expulséierte Sinti a Roma ze hëllefen, sech op der Plaz an d'Gesellschaft ze integréieren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn