Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Lundi, 09 Août 2010 00:00

Massaker am Honduras

Zwee oder dräi Bewaffneter wieren en Dënschden (Uertszäit) an de klenge Betrib gestiermt an hätte mat Stuermgewierer vum Typ AK-47 op d'Aarbechter gefeiert, sou e Spriecher vum Sécherheetsminstère an der Haaptstad Tegucigalpa. 13 vun den insgesamt 25 Mataarbechter vun der Fabrik wieren op der Plaz dout gewiescht, fënnef weiderer wieren am Spidol un hiren uerge Verletzunge gestuerwen. D'Täter hätten d'Onglécksplaz an engem Massaker hannerlooss.

Bei den Doudegen handelt et sech, den Donnéeë vum lokale Parquet

no, ëm jonk Aarbechter am Alter vun 17 am 24 Joer. Iwwert d'Hannergrënn vun der Dot leien einstweile keng Informatioune vir. Den Iwwerfall steet méiglecherweis am Zesummenhang mat der Drogegewalt tëscht klenge Bande, erkläert e Policespriecher. De Policechef vu San Pedro Sula huet iwwerdeems erkläert, hie kéint net soen, ob d'Dot net awer mat der Organiséierter Kriminalitéit ze dinn hätt.

Honduras, Guatemala an El Salvador gehéiert mat engem Taux vu bis zu 70 Doudegen op 100.000 Awunner zu de geféierlechste Länner an Amerika. De Mordtaux vun Honduras ass ee vun den héchste weltwäit, am Duerchschnëtt ginn all Dag 12 Mënschen ermort.

Déi meescht Verbrieche gi vun de kriminelle Bande wéi den “Maras” begaangen. Dat bis ewell schlëmmst Massaker war am Dezember 2004, bei deem eng Band 21 Passagéier an engem Bus ëmbruecht hat. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn