Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 09 Septembre 2010 00:00

Europa an Zuelen – Eurostat Annuaire 2010


Rondrëm d'Thema Europa ginn et vill Froen:

Wéi hu sech d'Verännerungen an eiser Gesellschaft an de vergaangenen 20 Joer op den Taux de mariages an den Undeel vu Kanner hors mariage ausgewierkt? Wéi vill gëtt de Staat am Verhältnis zum PIB aus, a wéi verdeele sech d'Dépensen op d'sozial Sécherung, Gesondheet a Bildung? Wéi gesinn déi jéngsten Entwécklungen am Beräich vum liewenslaange Léieren aus?

Op dës, a nach vill aner

Froen, huet den Eurostat elo Ried an Äntwert gestan. “Europa an Zuelen – Eurostat Annuaire 2010” presentéiert a complétéiert eng ëmfaassend Auswiel vu statisteschen Daten. Den Annuaire kann deemno als Aféierung an déi europäesch Statistik gesi ginn a bitt en Iwwerbléck iwwert de breede Spektrum un Daten, déi gratis vum Eurostat-Site an der Online-Datebank opgeruff kënne ginn. Dran enthale sinn Informatiounen iwwert d'Entwécklung vu Schësselindicaturen an der EU27, dem Euroraum an de Memberstaaten. Jee no Disponibilitéit sinn awer och Donnéeën zu de Kandidatelänner, den EFTA-Länner, den Vereente Staaten a Japan enthalen.

Den aktuellen Annuaire besteet aus 14 Haaptkapitelen, déi ënnerschiddleche Statistikberäicher gewidmet sinn: Comptes nationaux, Wirtschaft, Bevëlkerung, Gesondheet, Bildung, Aarbechtsmaart, Liewensconditiounen a Bien-être, Industrie an Déngschtleeschtungen, Landwirtschaft, Forstwirtschaft a Fëscherei, internationalen Handel, Transport, Ëmwelt an Energie, Wëssenschaft an Technologie, souwéi
europäesch Regiounen.

Hei nëmmen e puer interessant Statistike vum Annuaire 2010

Duebel souvill Gebuerten hors mariage an der EU27

Den Taux de mariage ass an der EU27 anstänneg gefall, vun 6,3 Hochzäiten op 1000 Awunner am Joer 1990 op 5,3 Prozent am Joer 1998 an 4,9 Prozent 2007. Den héchsten Taux de mariage am Joer 2008 ass awer zu Zypern (7,7 %), Litauen (7,2 %), Rumänien (3,6 %), Dänemark a Polen (jee 6,8 %) gemooss ginn. Manner bestuede Koppele ginn et a Slowenien (3,3 %), Bulgarien (3,6 %), Lëtzebuerg (3,9 %) an Ungarn (4,0 %).

Iwwerdeems d'Zuel vun Hochzäite vu Joer zu Joer manner gëtt, geet d'Zuel vu Kanner hors mariage an d'Luucht. An der EU27 hue sech den Taux praktesch verduebelt, vun 17,4 Prozent am Joer 1990 op 35,1 Prozent am Joer 2007. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn