Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 09 Septembre 2010 00:00

Yves Mersch: Kritik um Indexmechanisem


“Den Index begrenzen oder ofschafen”

Den Index suergt erëm eng Kéier fir Gespréichsstoff am Grand-Duché. Den Yves Mersch huet den aktuelle Bericht vun der BCL virgestallt a bezitt dobäi och Positioun, andeems hie sech fir eng Begrenzung oder souguer fir d'ofschafe vum Index ausschwätzt.

“Dass den Indexmechanisem joerzéngtelaang ugewannt ginn ass, bedeit net, dass hien der Ekonomie net schuet”, sou de President vun der BCL. Mëttelfristeg misst Lëtzebuerg déi

onerwënschten Effekter vum Index begrenzen oder souguer de komplette Mechanisem ofschafen. “Doduerch géif sech Lëtzebuerg an d'Majoritéit vun den Euro-Länner areien”.

De Jean-Claude Juncker huet dogéint am August ugekënnegt, den Indexsystem einstweilen ze behalen. Allerdéngs verweist och de lëtzebuerger Premier op en Iwwerdenke vun aktuelle Mechanisem.  Domat kéint de Juncker op eng méiglech Deckelung vum Index op en zweefache Mindestloun uspillen.

Am Hierscht kënnt d'Thema Index  bei der Regierung erëm zur Sprooch. Déi lescht Tripartite am Fréijoer war schief gaang, well sech d'Regierung, Patronater a Gewerkschaften net op e gemeinsamen Nenner a Saachen Index eenege konnten. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn