Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Samedi, 09 Octobre 2010 00:00

Groussbrand duerch Gasexplosioun zu San Fransisco

D'Explosioun ass wahrscheinlech duerch eng Gasleitung an der Géigend vum Flughafe verursaacht ginn, sou déi lokal Autoritéiten. Méi wéi 30 Blesséierter géifen am Spidol vu San Bruno behandelt ginn, huet de Karl Sonkin, Spriecher vum Spidol, erkläert. Vill weider Affer vun der Explosioun an den uschléissende Feier wieren a verschidde Statioune fir Verbrennungsaffer an anere Spideeler ënnerbruecht ginn.

Wéinst dr Explosioun hätten e puer Haiser Feier gefaang a wiere bis op d'Grondmaueren ofgebrannt.

D'Flamen hätte sech och bis op méi wéi 20 Haiser ausgebreet. Lokal Medie berichten, a méi wéi 45 Haiser wier Feier ausgebrach an d'Autoritéiten hu sämtlech Nopeschhaiser sécherheetshalber evakuéiert.

Och véier Stonne no der Explosioun hätten d'Pompjeeën e puer Bränn nach ëmmer net ënner Kontroll bruecht an dowéinst sinn och Läschfligeren an Helikopteren an den Asaz komm. Aenzeien hu vun engem risege Feierball bericht. “Ech hunn e Geräisch, wéi ee vun engem niddregfléienede Fliger héieren, op eemol huet dat ganzt Haus gewackelt”, sou d'Tina Diloia, dat sech während dem Ongléck mat sengem Bëbee an hirer Wunneng zu San Bruno opgehal huet. Nodeems hatt eng weider Explosioun héieren hätt, wier hatt op d'Strooss gelaf, wou Tümmerdeeler hin an hier geflu wieren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn