Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Vendredi, 09 Juillet 2010 00:00

Komplettspärung Tunnel Houwald ab den Owend

Wat war et dach roueg op eisen Autobunnen am August, d'Zäit am Auto ass regelrecht verflunn an de Wee op d'Aarbecht war a nullkommanix bewältegt. Dass d'Vakanzenzäit awer elo eriwwer ass, spiert ee spéitstens wann ee bei den Tunnel Houwald kënnt. Chaos pur steet alt erëm un der Dagesuerdnung vu villen Automobilisten, ma elo soll den Tunnel och nach zwee Deeg komplett gespaart ginn.

Et ass natierlech kloer, dass de Ponts et Chaussées nëmmen op engem Weekend profitéiere kann, de mëttlerweil bei ville Leit verhaassten Tunnel

Houwald a béid Richtungen fir de Verkéier ze späre wéi et och schonn de Fall den 28. Juni war. Et handelt sech beim Transit-Tunnel ëmmerhin nach ëmmer ëm eng absolut Haaptverkéiersachse zu Lëtzebuerg a wäert deementspriechend fir déck Loft bei de betraffene Verkéiersmemberen a massiv Staue suergen.

Ma beschwéieren a sech opreegen hëlleft alles näischt. D'Autobunn wäert de kommende Weekend tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie 7 Hamm komplett fir de Verkéier zou sinn an dat a béid Richtungen. Dës Mesure gelt dann och ab e Freiden 10. September ab 20.00 Auer bis e Méinden 13. September 6.00 Auer. Eng Déviatioun leeft iwwert d'N2 Polvermillen.

Firwat dat Ganzt?


Ma et gëtt e klengen Ufluch vun Hoffnung op eng séier Besserung. Am Fall vun der Komplettspärung mussen d'Aarbechte ganz einfach nëmme vun engem Tunnel-Rouer op déi aner Säit verluegt ginn. Deemno ass eng Säit renovéiert an déi zweet Phase vun den Aarbechte kann an Ugrëff geholl ginn. Den Tunnel soll, sief et kënnt net nach zu Komplikatiounen, viraussiichtlech den 31. Oktober fäerdeg sinn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn