Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Haiti: Äerdbiewenaffer a Gefor duerch Iwwerschwemmungen

Eng Evakuéierung vun de Noutlager am Zentrum vun der Haaptstad Port-au-Prince, déi nom schwéieren Äerdbiewen am Januar opgeriicht gi waren, gëtt virbereet, huet d'Nadia Locgard, Vertriederin vum Zivilschutz ugekënnegt. Deemno sinn d'Lageren duerch Äerdrutschen an Iwwerschwemmungen a Gefor.

D'Autoritéite vum Land rechne mat schwéiere Reefäll an de kommenden zwee Deeg. D'Meteorologe vum Nationale Wiederdéngscht hunn donieft Angscht, dass de Wierbelstuerm “Igor” iwwert den Atlantik weider u

Stäerkt gewënnt an a Richtung Haiti zitt.

Duerch dat katastrofalt Äerdbiewen, den 12. Januar, haten op Haiti 1,3 Millioune Bewunner vum aarme Karibikstaat hiert Doheem verluer, knapp 250.000 Mënsche waren ëm d'Liewe komm. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn