Samedi 21 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

San Fransisco no der Gasexplosioun

Dräi Deeg no der uerger Gasexplosioun zu San Bruno, engem Viruert vu San Fransisco hunn d'Autoritéiten honnerte Bewunner erlaabt erëm an hir Haiser zeréckzegoen. Deemno sinn d'Bewunner vun 315 Haiser, déi no der Explosioun en Donneschdenowend evakuéiert gi waren, erëm Doheem. Dës Haiser ware net beschiedegt ginn a nëmmen aus Sécherheetsgrënn geraumt ginn. Zanter e Samschde war d'Gas a Stroumversuergung an de betraffenen Haiser erëm hiergestallt.

Ma och d'Bewunner vun den Haiser, déi deels

zerstéiert gi sinn, konnte fit kuerz Zäit zeréck. “Si hunn e puer Saachen dierfe siche goen, kënnen awer net dobleiwen”, sou de Brian Moura, Spriecher vun der Stadsverwaltung. Elo misst nach gekläert ginn, wou déi Betraffen hikënnen, deenen hir Haiser schwéier oder komplett zerstéiert gi sinn.

Duerch d'Explosioun vun enger Gasleitung bei San Fransisco an déi uschléissend Bränn, sinn op mannst véier Mënschen ëm d'Liewe komm. D'Police huet erkläert, dass awer nach dräi weider Läiche fonnt gi wieren. D'Geriichtsmedezin ass sech awer nach net eens, ob et sech bei de neie Läichen ëm déi stierflech Iwwerreschter vu Mënschen oder Déieren handelt. Insgesamt géife nach sechs Mënschen als vermësst gëllen, iwwer 52 weiderer si beim Ongléck blesséiert ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn