Dimanche 22 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Dexia huet décidéiert – 140 mussen alleng zu Lëtzebuerg goen

Déi vergaangen zwee Joer ware net einfach fir d'Dexia, déi hir Moossnamen zu der finanziell prekärer Lag radikal huet missen ëmsetzen. Moossnamen, déi et der Dexia méiglech gemaach hunn, trotz dem Opginn vun de Staatsgarantien den 10. Juni 2010, hir Autonomie ze behalen. Gläichzäiteg war d'Dexia verflicht ab 2009 Investitiounen zur Erhalung an Entwécklung vun de Franchises commerciales duerchzezéien. Dës Investitiounen hunn d'Dexia net manner wéi 360 Milliounen Euro kascht, eng Zomm, déi anerwäerts muss

agespuert ginn.

Dës Spuermesurë fale leider op Käschte vun de Salariéen un. Nei Moossname sollen elo realiséiert ginn, an anere Wierder soll eng weider Ëmstrukturatioun 160 Milliounen Euro Aspuerunge bréngen. Ganzer 665 Aarbechtsplaze falen am Hibléck op dës Ëmstrukuratioun ewech, dorënner 385 an der Belsch, 140 zu Lëtzebuerg, 70 a Frankräich a weider 70 Plazen op internationalem Niveau.

Eenzelheete vun de Sträichunge sollen am Laf vum Dag un d'Comitéë vun de betraffene Filialen, respektiv Länner vun der Dexia-Grupp weidergeleet ginn. E Freide wëll den Dexia-Grupp sech mam Betribsrot zu Lëtzebuerg zesumme setzen. Insgesamt sollen Zil-Aspuerungen vu net manner wéi 600 Milliounen Euro am Joer 2011 erreecht ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn