Dimanche 22 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Zuchongléck zu Arel mat Blesséierten

Wéi déi belsch Noriichtenagence Belga bericht huet, si beim Zesummestouss vun zwee Zich e Mëttwochowend och Mënsche blesséiert ginn. Un der Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg, an der Gare vun Arel, war aus nach ongekläerter Ursaach e Regionalzuch aus Richtung Lëtzebuerg op en zweeten Zuch opgefuer.

Trotz der gerénger Vitesse, mat där d'Zich anenee geknuppt sinn, war ee vun den Zich zum Entgleise komm. Aenzeien hu vun engem grousse Knall geschwat a Stécker, déi an all Richtunge geflu sinn. Insgesamt

waren zum Zäitpunkt vum Ongléck 150 Persounen an deem engem an 180 Passagéier am aneren Zuch. De belschen Zuchbedreiwer huet dann och direkt de kommunalen Noutfallplang ausgeléist, a bannent nëmmen e puer Minutte war eng komplett Rettungséquipe vun e puer Ambulanzen, Dokteren a Pompjeeën op der Plaz, fir Éischt Hëllef ze leeschten.

D'Gebai vun der Areler Gare ass zu enger Krankestatioun ëmgewandelt ginn, sou dass déi Blesséierten nach op der Plaz versuergt konnte ginn. Insgesamt 56 Mënschen hu misse medezinesch versuergt ginn, dorënner 26, déi am Spidol hu misse weiderbehandelt ginn.

Wéinst den Opraumaarbechten ass d'Zuchstreck tëscht Arel a Lëtzebuerg nach bis en Donneschdenomëtten gespaart. Natierlech huet den CFL, wéi och déi belsch Zuchgesellschaft Bussen zur Verfügung gestallt. Weider Informatioune ginn et och bei der DFL-Hotline um Nummer 2489-2489. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn