Dimanche 22 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

No XY-Sendung 40 weider Hiwäiser

“Eng definitiv gutt Spur ass bei sämtlechen Hiwäiser net dobäi”, sou e Spriecher vun der Police Mönchengladbach en Donneschden. Et wäert awer weider gepréift ginn, ob d'Hiwäiser den Ermëttler bei der Sich nom Zéngjäeregen aus Gefrath nëtzlech sinn.

E Mettwochowend ass donieft bekannt ginn, dass d'Police e weidert Kleedungsstéck vum, zanter knapp zwou Wochen verschwonnene Jong fonnt huet. Et handelt sech scheinbar ëm den T-Shirt vum Mirco, dee komplett naass an der Géigend vu senger,

schonn entdeckter Joggingsbox op engem Parking bei Gefrath fonnt gi war. 

De Mirco hat sech den 3. September, Owes nom Spillen op enger Skater-Anlag, mat sengem Vëlo op den Heemwee gemaach, ass awer ni Doheem bei sengen Elteren ukomm. D'Police geet vun engem Gewaltverbriechen aus. Bis ewell sinn zum Vermësstefall Mirco wäit iwwer 800 Hiwäiser agaang.

Ass de Marco vun engem Bekannten aus der Géigend entfouert ginn?

D'Police geet mëttlerweil dovun aus, dass den Entféierer vum Jong an der Regioun vum Niederrhein wunnt. “Dat ass de léiwe Noper vun niewendrun. Hie wunnt matten ënnert iech. Mir gleewe fest drun, dass hien aus der Géigend ass”, sou de Policespriecher Willy Theveßen en Donneschden. Fir d'Ermëttler ass all opfällegt Verhale wichteg: “Wien ass méi spéit wéi gewéinlech Heem komm? Wien huet Nuets nach säin Auto propper gemaach? Wien ass Schläichweeër gefuer?”

Bis elo sinn eng Dosend Männer iwwerpréift ginn, déi iergendwa wéinst ähnleche Fäll opgefall waren. “En Täter fänkt an der Regel net mat sou enger Dot un, ma hien huet eng Virgeschicht”. Ënnert den Iwwerpréifte wiere virun allem entloosse Sexualstroftäte. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn