Dimanche 22 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Dausenden op der Strooss géint sozial Ongerechtegkeet

E puer Dausend Mënschen hate sech en Donneschden géint 17.00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad Lëtzebuerg zesummefonnt, fir zesumme géint déi nei Regelung vun der lëtzebuerger Regierung a Saache Kannergeld ze protestéieren.

News352.lu war op der Plaz, fir d'Stëmmung vun de Frontalieren an de Salariéeën anzefänken. Schonn um 17.00 Auer war d'Plaz regelrecht gesprengt ginn an et huet geschéngt wéi wann d'Mënschemass ëmmer méi grouss ginn ass. D'Stëmmung war zwar

insgesamt friddlech, an awer huet een hir Roserei an hiert Onverständnis däitlech gemierkt. Et sinn dann och wäitaus méi Mënschen zur Demonstratioun dozoukomm, wéi Uganks erwaart. D'Police war deemno och gezwongen, d'Rue Notre Dame komplett ze spären.

De Patrick Dury, Generalsekretär vum LCGB, huet vun enger schwéierer Benodeelegung vun de Frontaliere geschwat. De Jean-Claude Reding, President vun der OGBL huet sengersäits betount, wéi frou hien iwwert déi grouss Unzuel vu Participante bei der Groussdemo wier, fir hir Roserei iwwert dat neit Gesetz zum Ausdrock ze bréngen. Zesumme wëlle si géint déi sozial Ongerechtegkeet a Benodeelegung vun de Frontalieren ukämpfen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn