Dimanche 22 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

“E Fussballspill fir d'Liewen a net fir Punkten” (Video)

De Wiedergott huet et gutt gemengt, d'Sonn huet sech gewisen an d'Virfreed op de Match FC Bayern München Allstars géint Lëtzebuerg Allstars ware bei alle Leit am Stade grouss. Kicke fir eng gutt Saach, dat hu sech och Bayern-Gréissten wéi en Giovane Elber a Paulo Sergio net huele gelooss. D'Stëmmung am, mat 3.600 Spectateure volbesate Stade “Op Flohr” hätt besser net kéinte sinn a mat engem Resultat vun 5:3 fir d'Bayern, stoung virun allem e gudden Zweck absolut am Virdergrond bei alle Bedeelegten. 

Scho virum

Match war kloer, dass et einfach selbstverständlech ass, bei dësem flotte Projet, organiséiert vun den “Footballspiller mat engem Haerz fir kriibskrank Kanner”, matzemaachen. De Carlo Demuth, Haaptsponsor vun dësem exzeptionelle Sportsévent huet dann och betount, dass et “méi drëm geet och mol eppes un d'Gesellschaft zeréckzeginn”. Fir de Manuel Cardoni, lëtzebuerger Nationalspiller steet um Benefizpsill natierlech och de Spaass um Fussball am Virdergrond. Säin däitsche Fussball-Kolleg Hans Pflügler konnt deem zoustëmmen: “Et ass flott eis all erëmzegesinn an haut spille mir ëm d'Liewen a net ëm Punkten”.

Ma och wann d'Bayern München Spiller, sief et och eng Allstars-Equipe, bestëmmt bei méi grouss Matcher matgewierkt hunn, sou si si awer houfreg dobäi gewiescht ze sinn. “Mir hu kee Spiller misse laang iwwerzeegen, Jiddereen huet spontan décidéiert a Jo gesot”, sou de Raimond Aumann. “Wou den FC Bayern München spillt, schéngt d'Sonn”, sou dem Aumann seng passend Wierder. Hat et virum Match nach wéi aus Eemere gereent, sou huet sech pënktlech bei der Opwiermphas d'Sonn gewisen.

 


D'Ausso vum Carlo Weiß zu hiren Trainingspreparatiounen “Schung agepak a lass” huet sech dann och  bewisen, déi éischt Goaler duerch den FC Bayern München hu net laang op sech waarde gelooss. De Specteuren war et dann och egal wien dobäi den Treffer erzielt huet, béid Équipë si kräfteg ugefeiert ginn, och wa bestëmmt méi Bayern-Fans zesummekomm sinn.

Natierlech ass et bei dësem Frëndschafts-Match fir de gudden Zweck och eppes ze gewanne ginn. An der Halschent konnte  nämlech déi kleng Nowuessspiller hiert Talent ënner Beweis stellen. Mat engem geziilte Schoss op d'Lat, konnt de gléckleche klenge Goalkeep vu Réimech, mat 500 Euro an der Täsch vum Terrain stolzéieren. Den Haaptsponsor Carlo Demuth huet och net mat engem flotte Präis gegäizt an en fonkelneien Audi A1 inklusiv den Autogramme vun den Bayern-Allstars als Haaptpräis gestallt. De Gewënner mat der Lousnummer 4016 ass zwar ausgeruff ginn, huet sech awer nach net gemellt.

De kompletten Erléis vun den Entréesbilljeeën an der Verlousung sinn dann och un “d'Fondatioun kriibskrank Kanner” an “Recherches scientifiques Luxembourg” gaang.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn