Sämtlech Passagéier vun de verschiddene Fluggesellschaften, déi ab dem Hahn Flughafe fléie wollten, si e puer Wochen am viraus informéiert ginn. Envoyer cet article par email
Authors: news352
Wéinst de grondleeënde Sanéierunge vun der Start- a Landepist, muss de komplette Flughafen Hahn bis en Donneschden gespaart ginn. D'Käschte fir d'Erneierung vun der 1,5 Kilometer laanger Pist leie bei ronn 3 Milliounen Euro, huet de Flughafe matgedeelt.
Déi nei Bunn ass op eng Liewensdauer vun 15 Joer ausgeluegt. Schonn am Abrëll hat de Flughafen, während der Spärung vum europäesche Loftraum wéinst der Vulkanäsch, d'Zäit genotzt, en 980 Meter laangt Deelstéck vun der Start- a Landepist ze erneieren. <br
Authors: news352