Dimanche 22 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Defizitverfahren vu Litauen a Rumänien wierkt

Dëst huet d'EU-Kommissioun matgedeelt, nodeems d'Moossnamen, déi vu Litauen a Rumänien op Recommandatioun vum EU-Rot den 16.02.2010 wéinst hiren Defiziter hu missen ergraff ginn, bewäert gi sinn. D'Kommissioun ass der Meenung, dass béid Länner d'Recommandatioune gutt ëmgesat hunn.

“Litauen a Rumänien hunn déi ugemiesse Schrëtt zur Korrektur vun hirem Haushaltsdefizit ënnerholl. Béid Länner sinn um gudde Wee, hir Defiziter fir den accordéierten Zäitpunkt op ënner 3 Prozent

zeréckzeféieren. Weider Ustrengunge mussen trotzdem nach gemaach ginn”, sou den Olli Rehn, Kommissar fir Wirtschaft a Währungsugeleeënheeten. Deemno si weider Schrëtt am Defizitverfahren si net néideg.

Den Ament sinn 24 EU-Memberstaaten an engem iwwerméissegen Defizitverfahren (EDP-Verefahren), zu deem den EU-Rot all kéiers hir Recommandatiounen ausgeschwat huet an deementspriechend Délaie fir eng Korrektur gesat huet, déi vun 2011 bis 2014 reechen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn