Dëse Message ass dann och bei de Sozialisten ukomm. De President Alex Bodry confirméiert an engem Wort-Interview, dass d'LSAP an d'CSV tatsächlech e Kompromëss iwwert eng méiglech Ännerung a punkto Index fonnt hätten.
Dëst sinn eng ganz Rëtsch un Aussoen, déi d'geplangte Gespréicher dëse Nomëtten net onbedéngt erliichtere wäerten, op alle Fall wat eng Entrevue tëscht den dräi Haaptgewerkschaften am Land (LCGB, OGBL an CGFP) an dem Premier Jean-Claude Juncker ubelaangt. Och wann d'Gewerkschafte sech bereet erkläert hunn iwwert déi steierlech Mesurë vun der Regierung ze diskutéieren, sou bleiwe si awer konsequent a refuséiere weiderhin, dass un der Indexatioun soll geréckelt ginn. Envoyer cet article par email
Authors: news352