Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Dimanche, 10 Janvier 2010 00:00

Auto vun Zuch erfaasst

Wéi d'Police matgedeelt huet, hat eng Automobilistin en Donneschden, géint 16.15 Auer, an der Rue de Beyren zu Mënsbech e Schutzengel bei sech am Auto. D'Fra war vun Uewersyren a Richtung Mënsbech ënnerwee.

Wéinst engem Stau huet si misse stoe bleiwen, op de Gleisen. Op eemol sinn awer d'Barrièren zougaang an d'Fra war an der Fal. Den Zuchführer huet nach getut, konnt en Zesummestouss awer net verhënneren.

D'Lokomotiv huet den Auto glécklecherweis awer nëmme gesträift. Doduerch ass der Fra zwar

näischt geschitt, ma si hat e Schock dervugedroen. De Materialschued ass grouss. Am Asaz war en d'Pompjeeë vu Mënsbech, d'Beruffspompjeeën a Responsabel vum CFL.

 

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn