“Et léisst sech net ewechdiskutéieren, dass d'Salairen zu Lëtzebuerg an de vergaangene Joere méi staark an d'Luucht gaang sinn, wéi am Rescht vun der Eurozon. Zu Lëtzebuerg loung dës Hausse bei ganzer 41 Prozent, am Rescht vun der Eurozon nëmmen 31 Prozent”, sou dem Luc Frieden seng Erklärung. Deemno stellt hie sech déi ganz sérieux Fro, wéi et ze verhënneren ass, dass d'Salairen am Grand-Duché méi séier wuesse wéi bei de Nopesch-Vollekwirtschaften.
An deem Kontext, misst een d'Kritike vun der EZB an déi aktuell Diskussiounen ëm den Index mat abezéien. Fir hien ass kloer, dass en ze groussen Ënnerscheed bei der Lounentwécklung geféierlech fir eng Währungsunioun wier, donieft géif och d'Competivitéit vu Lëtzebuerg drënner leiden an och nach fir en Ongläichgewiicht bannent der Eurozon suergen. Envoyer cet article par email
Authors: news352