Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Samedi, 10 Avril 2010 00:00

Bewisen: Männer schalte beim Sträit automatesch of

Fir vill Fraen ass dëst ganz einfach extrem frustréierend, wa Männer während enger Meenungsverschiddenheet nëmme knapp Argumenter liwweren, an anere Wierder, wa si iwwerhaapt eppes dozou soen. Nach méi schlëmm ass et, wann d'Männer engem d'Gefill vermëttelen, dass si guer net nogelauschtert hunn.

Eng nei Étude huet elo opgedeckt, dass d'Hären net ëmmer express daf sinn, hir d'Verhalen ass wëssenschaftlech ze erklären.

De Berichter vun der britescher Zeitung “Daily Telegraph”

no, sinn an enger Étude 50 Männer a Fraen ënner kontrolléierte Conditiounen ënnersicht ginn, wéi si op bestëmmte Gesiichtsausdréck reagéieren. Dobäi huet sech ganz däitlech gewisen, dass Männer, déi an e rosent Gesiicht kucken, an deem Moment eng verréngert Gehiraktivitéit opweisen. Deemno schalt sech dat “staarkt Geschlecht” beim Sträit ganz automatesch of.

Bei de Frae verhält et sech iwwerdeems komplett anescht.

An denger ähnlecher Situatioun ass bei de Fraen eng méi héich Gehiraktivitéit gemooss ginn. Dat heescht, Frae gi bei stressege Conditioune méiglecherweis nach méi unhänglech, sinn op emotional Ënnerstëtzung aus oder diskutéiere nach méi wëll drop lass.

Et ass kloer, dass dëse Phenomen net onbedéngt zum Versteesdemech bei Mann a Fra bäidréit. D'Étude weist drop hin, dass sech d'Geschlechtsënnerscheeder bei Stress op ee vun de grondleeëndesten Beräicher vum Sozialverhalten auswierkt, an zwar, wéi een e Gesiichtsausdrock vun enger anerer Persoun ënnerlech verschafft. Ënner Stress tendéiere Männer dozou, sech sozial zeréckzezéien. Frae sichen dogéint den emotionale Bäistand. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn