Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Lundi, 10 Mai 2010 00:00

OGBL: D'Patronater sollen op de Buedem vun den Tatsaachen zeréck”

Den OGBL ass en Dënschden zu engem Comité national extraordinaire zesummekomm, mat der Begrënnung, sech wëllen zum Accord ze äusseren. Ma si hunn och elo definitiv hiren Ok ginn an, an deem Kontext och annoncéiert, dass déi geplangte Manifestatiounen am Oktober ofgeblose gi sinn.

“De Vote war net unanime. Vun den 90 präsente Memberen, hunn der 85 fir an 5 dogéint gestëmmt” präziséiert den OGBL-Preesident Jean-Claude Reding. Ma och en anert Thema ass am Comité zur Sprooch komm, d'Thema vun

der UEL hirer Haltung zum vill diskutéierten Accord mat der Regierung. D'Fro, déi si sech gestallt hunn, ob et zu engem Streik komme sollt, falls d'UEL de Sozialdialog refuséiert.

“Ma och dëse Vote war unanime. Ech lancéieren dann och elo den Appel un d'UEL, dass si hir extrem negativ  Positioun opginn an zu engem Sozialdialog zeréckfannen”, heescht et weider beim OGBL, déi domat dem Premier Jean-Claude Juncker hiert vollt Vertrauen zum ënnerschriwwenen Accord ausschwätzen.

MA et gëtt awer och nach en anert Thema, dat beim OGBL net sou séier vum Dësch ass. Speziell geet et hei nach ëmmer ëm d'Frontalieren. “Mir hunn eis an engem Schreiwes un eis Nopesch-Memberen geriicht, dass si eng Demande  fir eng Bourse d'aide fir Studenten un d'lëtzebuerger Regierung sollen areechen. Nëmmen am Fall, dass si doropshin e Refus kréien, kënne mir als Gewerkschaft op juristeschem Niveau eppes ënnerhuelen”, sou d'Schlusswierder vum Jean-Claude Reding.


  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn