Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Lundi, 10 Mai 2010 00:00

Fënnef Joer Prisong fir Skandalhändler Kerviel

De Virsëtzende Riichter Dominique Pauthe huet de Kerviel an allen dräi Uklopunkten fir schëlleg geschwat: nieft dem Vertrauensbroch war et d'Fälschung a falsch Donnéeë vun Daten an de Computersystem vun der zweetgréisster franséischer Bank. “Déi vun der Verdeedegung virgeluegten Elementer loosse net drop schléissen, dass d'Société Générale vun den Handlunge vum Jérôme Kerviel bescheet wosst”, sou de Pauthe a senger Begrënnung.

Den deemolege Banquier hat seng

Kompetenzen iwwerschratt, andeems hien ouni d'Wësse vun der Bank Spekulatiounen an enger gigantescher Ausmooss virgeholl hat. De Kerviel hat dobäi d'Weltfinanzuerdnung a Gefor bruecht.

De Kerviel hat mat bis zu 50 Milliarden Euro spekuléiert an d'Société Générale praktesch ruinéiert. Den Ugekloten hat am Prozess, deen a Juni op en Enn gaang war, Feeler zouginn, awer d'Bank fir seng Spekulatioune verantwortlech gemaach. Seng Virgesetzten hätte net nëmme vu senge Geschäfter gewosst, hien och nach ermuddegt. Et wier him nëmmen drëm gaang, Sue fir Bank ze verdéngen.

Nieft der Prisongsstrof muss den haut 33-Jäeregen der Société Générale déi komplett Zomm vun 4,9 Milliarden Euro zeréckbezuelen, déi d'Bank duerch seng Geschäfter 2008 verluer hat. Den Affekot vum Kerviel huet iwwerdeems direkt ugekënnegt an Appel ze goen. Hien huet vun engem komplett iwwerdriwwenen Urteel geschwat.

De Kerviel, deen haut als Beroder fir eng Informatikfirma schafft, huet eegenen Donnéeë no, e Verdéngscht vun 2.300 Euro pro Mount. Fir déi 4,9 Milliarden Euro zeréckzebezuelen, bréicht hie méi wéi 170.000 Joer an och nëmme wann hien all Cent ofgëtt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn