Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 10 Juin 2010 00:00

Biergleit am Chile schonn e Sonnde fräi?

De chilenesche President Sebastián Piñera huet e Méinden erkläert, dass d'Männer méiglecherweis nach viru senger Europa-Rees Mëtt Oktober gebuerge ginn. Zum Schluss war den däitsche Buerer “Schramm T-130” nämlech nëmme nach ronn 170 Meter vun de Kumpel ewech. De Psycholog Alberto Iturra huet iwwerdeems verroden, das eng Generalprouf vun der Rettung scho fir e Freide geplangt wier. “Sollte keng Problemer optrieden, kéint eng vun de schwieregste Rettungsaktiounen an der Geschicht vum Biergbau a fënnef bis

aacht Deeg ufänken”, confirméieren och Experten op der Plaz.

Déi 33 Kumpel sinn zanter dem 5. August an der Gold- a Kofferminn San José agespaart, nodeems den Agank vum Biergwierk agestierzt war.

Déi lokal Zeitung “El Pais” schreift, d'Minnenaarbechter kéinten souguer schonn Enn dës Woch befreit ginn. “Wann alles gutt leeft, gëtt den Duerchstouss mam néidegen Duerchméisser en Donneschden oder e Freiden erreecht”, zitéiert d'Zeitung ee vun den Ingénieuren. Den Tunnel misst am Uschloss nëmme nach verkleet ginn, wat zwee bis siwen Deeg dauere wäert. Denkbar wier awer och, d'Affer erauszehuelen, ouni d'Wänn nach extra ze verstäerken.

D'Retter kalkuléieren 15 bis 25 Minutte pro Persoun fir de Wee an d'Fräiheet, an anerer Wierder géif déi komplett Rettungsaktioun ronn 15 Stonnen daueren. Duerno géifen d'Kumpel vun Dokteren ënnersicht ginn an u Baxtere gehaang ginn. Nodeems si dann hir erwaardungsvoll Familljen an d'Ärem schléissen dierfen, geet et direkt weider an d'Spidol. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn