Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Samedi, 10 Juillet 2010 00:00

Keen Zuch tëscht Dikrech an Ettelbréck wéinst Gasfuite

Géint 10.35 Auer ass bei Bauaarbechten eng Gasleitung beschiedegt ginn, nodeems e Bagger an der Géigend vum Cactus Angelduerf e Rouer aus dem Buedem gerappt hat an sou Gas konnt ausstréimen. Duerch d'Explosiounsgefor an aus reng Virsii5rchtmossnam, huet d'Protection civile ugefuerdert, d'Zuchstreck Ettelbréck-Dikrech ze spären.

Deemno zirkuléiert den Ament keen Zuch méi op der Streck vun Ettelbréck an Dikrech, dëst wahrscheinlech nach bis 17.00 Auer. D'Zich an déi emgedréinte Richtung sinn iwwerdeems

limitéiert, ma sämtlech betraffe Persoune kréien och d'Méiglechkeet, mam reguläre Bus a Richtung Veianen, bis bei d'Gare vun Dikrech ze fueren.

Fir den Trajet Dikrech-Ettetlbréck sinn d'Passagéier gebieden, op de Liniebus zeréckzegräifen, deen zu de selwechten Auerzäiten, wéi den Zuch zirkuléiert. Tëscht 12.00 an 14.00 Auer sollen awer och nach weider Extrabussen fir d'Studenten zur Verfügung gestallt ginn.

Donieft sinn awer och d'Automobiliste vun der Gasfuite betraff. D'N7 tëscht Ettelbréck an Dikrech ass dann och komplett fir den Trafik gespaart ginn an et muss een iwwer Angelduerf an de Friddhaff fueren. Mat Verspéidunge muss op béide Säiten, Zuch an Trafik, gerechent ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn