Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Mardi, 10 Août 2010 00:00

Dokteren ab 18. Oktober am Streik?

Et hänken däischter Wolleken iwwert de Gespréicher tëscht dem Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo an der Association des médecins et médecins-dentistes (AMMD). De neie Gesetzesprojet zu der Gesondheetsversuergung, deen e Mëttwoch an der Chamber déposéiert ginn ass, wëll dem Claude Schummer, Generalsekretär vun der AMMD alles anescht wéi gefalen.

An engem Gespréich op RTL Télé Lëtzebuerg huet hien erkläert , dass Doktere bereet sinn an de Streik ze trieden ab dem 18.

Oktober. “Dat kann Deeg, Wochen a Méint undaueren, wann et muss sinn, bis dass den Text gestrach gëtt”.

De Gesetzesentworf stellt dem Dr Schummer no, eng ganz Rëtsch Fräiheeten a Fro: zum Beispill déi vum Patient, déi op d'Wiel vun hirem Dokter limitéiert ginn, ma och déi vum Dokter, deen dann iwwert keng Diagnos Fräiheet oder Choix vun der Behandlung méi verfügt. Wat d'AMMD awer nach vill méi rose mécht, ass d'Feelen vu konkrete Mesuren, fir mëttelfristeg Sue bei der Krankekeess ze spueren. Ma bei hinne wéilt een awer méi déif an d'Täsch gräifen, zemools well si dann déi eenzeg Prestatairë fir d'Krankekeess wieren.

De Moien huet de Gesondheetsminister Di Bartolomeo nach emol ënnerstrach, dass de Gesetzesprojet nach net ofgeschloss wier a seng Dier fir weider Verhandlunge mat de veschiddenen Acteuren am Gesondheetswiesen ëmmer grouss op wier. De Gesetzesprojet, wann en adoptéiert gëtt, trëtt ab em 1. Januar 2011 a Kraaft. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn