Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Mercredi, 10 Novembre 2010 00:00

Massekläpperei op Privatparty

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et géint 4.48 Auer an de Rue Joseph Kieffer zu Esch/Uelzecht zu enger Kläpperei op enger privater Party komm. D'Feier an engem Festsall war gestéiert ginn, well net invitéiert Leit bei der Aganksdier opgedaucht waren a per Force och wollte matfeieren. Ma hinnen ass den Zoutrëtt verbuede ginn, wat der Grupp awer alles anescht wéi gefall huet.

Déi schwéier beleidegt Grupp huet ugefaang ze randaléieren, hunn d'Aganksdier ageschloen a bannen am Sall ass et schliisslech zu enger

Kläpperei komm. Wéinst der Meldung, dass ronn 40 bis 50 Persoune sech géifen zerklappen, sinn direkt e puer Policepatrullen vun Esch/Uelzecht an der Ëmgéigend an den Asaz geruff ginn.

Op der Plaz war et nëmme schwéier, déi opgereegte Kläpper auserneen ze kréien. Wéi d'Police schreift, wier d'Situatioun ëmmer erëm op e neitst eskaléiert. D'Stëmmung sollt no der Uwiesenheet vun de Beamten awer nach weider kippen. Ma op emol war d'Police am Viséier vun der Kläpper, déi uerdentlech gedronk haten. Fläschen an aner Géigestänn sinn dann och no de Beamte gehäit ginn, déi d'Kläpper zum Schluss berouegt kruten. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn