Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Mercredi, 10 Novembre 2010 00:00

Méi Steieren, méi Cotisatiounen - kee Problem fir Majoritéit

Enger neier Étude vu PolitMonitor vun der TNS Ilres no, sinn d'Salariéeën net nëmme bereet 0,2 Prozent méi Cotisatioun fir hir Assurancen ze bezuelen, ëmmerhin 68 Prozent, ma och méi laang Schaffzäiten (61 %) an eng Hausse bei de Steieren (44 %) ginn a Kaf geholl.

Nach kann een awer net mat fester Iwwerzeegung soen, dass dësen Taux net awer nach klëmmt. Nach ier de lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden de Budget 2011 déposéiert hat, loung den Taux vun deenen, déi enger Steiererhéijung

zoustëmme bei 30 Prozent. Deemno huet sech dës Meenung bannent nëmme kuerzer Zäit geännert.

Iwwerraschend ass dann och net, dass d'Majoritéit (59 %) zefridde sinn, mam Kompromëss tëscht de Gewerkschaften an der lëtzebuerger Regierung a Saache Lounindexatioun. Zum Thema Allocation familiale an d'Schafe vun enger Bourse Étudiant, bei där d'Frontaliere benodeelegt sinn, distanzéiere sech d'Résidanten awer. Ëmmerhi weise sech 60 Prozent vun de Befrote wéineg beandrockt vun dësem Problem. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn