Lundi 23 Septembre 2024
taille du texte
   
Vendredi, 10 Décembre 2010 00:00

Sécherheetsproblemer beim Online-Banking

Engem 16-jäerege Schüler wier et bannen nëmmen zwee Deeg gelongen, Internet-Browser bei der Notzong vum Online-Banking ze manipuléieren, wéi “c't” bericht huet. De Schüler hätt bei 17 vun 20 Banke ganz sérieux Sécherheetsproblemer fonnt an dës “c't” gemellt. D'Experte vun der Zäitschrëft hätten d'Hiwäiser dann iwwerpréift an och confirméiere kënnen.

Déi betraffe Banken hunn immens ënnerschiddlech reagéiert op déi ongezielte

Problemer beim Online-Banking. Et wier an éischter Instanz schwiereg gewiescht, déi richteg Uspriechpartner fir d'Ugeleeënheet ze fannen. D'Deutsche Bank hätt iwwer zwou Woche laang d'Hiwäiser einfach ignoréiert. D'Postbank dogéint hätt bannent e puer Stonne reagéiert an d'Sécherheetsleck nach de selwechten Dag, op mannst provisoresch” behuewen.

Dem Bericht no, hunn d'Banken deels elementar Sécherheetsrichtlinnen net an uecht geholl. Vill Applicatioune vun de Banken, wéi zum Beispill d'Suchfunktioun oder ugewisen Aktienquoten géife net genuch gefiltert ginn. D'Gefor, dass Hacker iwwert dës Problemer den Online-Banking vu Clienten ausspionnéieren kéinten, wier bei ville geteste Banke reell gewiescht. Grondsätzlech erhéiche virun allem nei Déngschter a Service-Leeschtungen op de Websäiten de Risk fir nei Sécherheetslücken. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn