Sech siichtbar maache
Fir de Claude Wiseler ass kloer, dass dëse Phenomen besonnesch an der kaler an däischterer Saison op e Manktem vu Visibilitéit zeréckzeféieren ass. An deem Kontext huet de Minister an Zesummenaarbecht mat der Securité routière eng nei Campagne an d'Liewe geruff, déi souwuel d'Automobiliste wéi och Foussgänger fir de Risk vun Accidenter zu dëser Joereszäit sensibiliséieren. “Gitt sichtbar!” oder “Soyez visible” ass de Message, deen dës Campagne vermëttelt, déi kloer seet, dass ee soll matdenken.
Wichteg ass fir Foussgänger hellt Gezai unzehunn a sech besonnesch Owes an, an der Nuecht mat sougenannten Accessoirë rétro-réfléchissants ze équipéieren. Eng aner wichteg Verhalensregel, wann een alleng op der Strooss ënnerwee ass, sech ëmmer entgéint der Fahrtrichtung vum Verkéier ze halen. Fir den Automobilist ginn et awer och gewësse Verhalensregelen, wéi zum Beispill d'Luuchten unzemaachen, soubal et ufänkt méi däischter ze ginn, awer och wann et reent. Allgemeng heescht et fir d'Automobilisten awer de Fouss vum Gas ze huelen a seng Fuerweis de Wiederverhältnisser unzepassen.
Envoyer cet article par email
Authors: news352