Sunday 30 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 February 2010 00:00

Mann sprengt sech a seng Kanner an d'Luucht

Bei engem Familljedrama an der Géigend vu Kassel huet e Papp sech a seng véierjäereg Duechter ëmbruecht. De klenge Bouf vun engem Joer ass uerg blesséiert ginn a schwieft a Liewensgefor, wéi d'Police en Donneschden zu Kassel matgedeelt huet.

Éischten Ermëttlunge no, huet den 52-Jäeregen eng Sprengung a sengem Auto verursaacht, bei deem hien ëm d'Liewe komm ass. “En Accident kënne mir wéinst der Spurefeststellung ausschléissen”, sou eng Spriecherin vun der Police. “Et war e

Sprengsaz”. Dat véierjäeregt Meedchen ass wahrscheinlech awer net duerch d'Explosioun ëm d'Liewe komm. An deem Fall misst een eng Obduktioun ofwaarden.

D'Detonatioun vum Sprengsaz huet d'Säitefënsteren an d'Frontscheif zerbrieche gelooss. Wat genee explodéiert ass, ass nach net gekläert. D'Läichen an de blesséierte Jong si géint 7.00 Auer an der Géigend vun Trendelburg-Eberschütz entdeckt ginn. De Papp souz hannert dem Steier an d'Kanner hannen. Den Auto selwer stoung ofgeleeën op enger fräier Plaz.

De Mann huet zanter kuerzer Zäit getrennt vu senger Fra gelieft an huet zu Hofgeismar, enger klenger Uertschaft, déi eng zéng Kilometer vun der Onglécksplaz ewech läit. E Mëttwoch hat de Papp Besuchsrecht fir seng Kanner gehat, hätt si awer net wéi ausgemaach, Owes erëm zeréckbruecht. Iwwert e Sträit vun der Koppel e Mëttwoch ass näischt bekannt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn